Är Schwammschoul zu Lëtzebuerg

“Schwammen” ass eng Schwammschoul zu Lëtzebuerg fir jiddereen. Niewend Bébé a Kannerschwammcoursen bidden mir Iech och Schwamm an Aquacoursen fir Erwuessener un. Et ass méiglech Eenzelcoursen oder Gruppecoursen ze buchen.

Kinderschwimmen luxemburg

Kannerschwammen

Spilleresch léieren t'Kanner t'Grondlage vum Schwammen a verbesseren hier Technik an enger secherer Ëmgéigend. T'Coursen ennerstëtzen t'Selbstvertrauen an t'Sécherheet am Waasser.

Babyschwimmen Luxemburg

Bébéschwammen

Zesummen mat den Elteren erliewen t'Bébéen hier éischt Erfahrungen am Waasser, déi hinnen bei hirer motorescher Entwécklung hellefen. Douce Übungen stärken t'Vertrauen zum Element Waasser.

Schwimmtraining Einzelkurse für Erwachsene Luxemburg

Fir Erwuessener

Individuell oofgestemmten Schwammcoursen fir Ufänger and Fortgeschrattener, déi gären un hirer Technik schaffen wellen an hier Ängscht gären oofbauen wellen. Léiert an enger entspaanter Atmosphère effikass ze schwammen.

aquakurse-luxemburg-david-steffes-01

Aquacoursen

En ganzkierper Training am Waasser mat deem eis Kraft an Ausdauer ganz gelenkschounend verbessert gin. Ideal fir all Fitnesslevel, fir der Gesondheet eppes Guddes ze doen an fit ze bleiwen.

Schwammen für Kinder Luxemburg

Schwammen fir Kanner

Kannerschwammcoursen sin eng super Méiglechkeet fir den Kanner mat ganz vill Spaass t’Schwammen méi no zebréngen. E puer wichteg Aspekter an Virdeeler vun den Schwammcoursen:

Schwimmtraining Einzelkurse für Erwachsene Luxemburg

Schwammen fir Erwuessener

Vum Ufänger bis zum Profi: Dir hudd nach keng Erfahrung am Waasser? Daat as guer keen Probleem! Mir begleeden Iech vun der Waassergewinnung un bis zur Grobform an der Feinform vum Schwammen. Duerch t’Léiren vun den richtegen Schwammtechniken kann een t’Element Waasser richteg genéissen an schätzen.

Erfuere Schwëmmer a Profisportler schätzen meng langjähreg Expertise an profitéiren vun menger professionneller Videoanalyse.

Schwimmkurse für Kinder Luxemburg

Schwammofzeechen a Rettungsschwëmmer

An eiser Schwammschoul kënnen all méiglech Schwammofzeechen absolvéiert gin:

Mäin Numm ass David Steffes, dain professionellen Schwammcoach.

Säit menger Kandheet begleet mech Thema Schwammen. Nodeems ech joërelang beim DLRG Schwammen geléiert hun, hat ech schon ganz fréi den Wonsch, Kanner an Erwuessenen t’Schwammen bäi zebréngen, respektiv t’Leit dobäi ze ennerstëtzen déi verschidden Schwammtechniken ze perfektionéiren.

Während menger Ausbildung zum Schwammmeeschter 2019 hun ech meng eegen Schwammschoul gegrënnt. Déi intensiv Ausbildung vun 3 Joër besteht aus engem gorussen pädagogeschen Deel am Ëmgang mat Bébéen, Schoulkanner, Erwuessenen an Senioren.

Mat méi wéi 350 Clients am Joër ass meng Schwammschoul déi erfollegräichst am Land.

Aquacoursen Aquacoursen Aquacoursen Aquacoursen Aquacoursen Aquacoursen
Aquacoursen
Aquacoursen
Aquacoursen
Aquacoursen
Bébéschwammen Bébéschwammen Bébéschwammen Bébéschwammen Bébéschwammen
Bébéschwammen
Bébéschwammen
Bébéschwammen
Intensivcoursen SchwammofzeechenIntensivcoursen SchwammofzeechenIntensivcoursen SchwammofzeechenIntensivcoursen Schwammofzeechen

Eng Offer fir jiddereen

Bébéschwammen

ab 6 Méint

Bei den Bébéschwammcoursen stinn niewent der Waassergewinnung virun allem Spaass a Beweegung am Mëttelpunkt. Duerch den Obtrieb am Waasser kënnen t’Bébéen sech vill méi einfach beweegen wéi am Drëchenen, wou déi nach schwach Muskelen mat der Schwéierkraft ze kämpfen hun. De Kierper gëtt aanescht wouer gehill an t’Kierpergefill sowéi t’Motorik gin gestärkt. T’Schwammcoursen fannen bei angenehmen 32° Waassertemperatur statt.

Waassergewinnung

ab 6 Méint

Op eng spilleresch Art a Weis machen mir t’Kanner mam Element Waasser vertraut. Zesummen léiren mir wéi een vum Bord an t’Waasser spréngt, ze tauchen an duerch t’Waasser ze gleeden. De Cours mecht net nëmmen vill Spaas, mee ass och eng perfekt Virbereedung fir den Ufängerschwammcours ab 6 Joër.

Kannerschwammcoursen

ab 6 Jahren

Als alleréischt léiren t’Kanner spilleresch am Kader vun der Waassergewinnung, wéi si ouni Probleemer selbststänneg ënnertauchen kënnen. T’Kanner sollen léiren sech ennert dem Waasser ze orientéiren an och verschidden Géigenstänn zegesin an op zehierwen.

T’Kanner sollen och léiren an der Bauchlag duerch t’Waasser ze gleeden an den Kierper dobäi ze strécken.

T’Sprangen vum Bord an t’Waasser soll ouni Angscht trainéiert gin.

Spéiderhin léiren mir mat den Ärm a Beenbewegungen t’Broschtschwammen, fir t’Motivatioun an t’Interessi fir weider Schwammaktivitéiten ze verstärken.

Technikverbesserung fir Erwuessener

Perfektionéiert Ären Schammstil an léiert nei Technniken. Mir betreien Iech individuell an ennerstëtzen Iech dobäi Är perséinlech Zieler ze ereechen. Am Mëttelpunkt stinn komplex Bewegungsübungen an déi richteg Otemtechnik beim Broscht a Kraulschwammen.

Eis Aquacoursen

T’Bewegung am Waasser erméiglecht mat der Reduzéirung vum eegenen Kierpergewicht duerch den Waasserobtrieb en ganzen, gelénkschounenden an effikassen Training. Dank dem Waasserwiderstand, dem Waasserdrock sowéi dem erhéischten Energieverbrauch gëtt Duerchbluddung ugereegt, t’Muskulatur an eis Herz-Kreeslaafsystem gin gestärkt, t’Gewebe gestrafft an t’Beweeglechkeet verbessert.

Aqua-Fitness

Aqua-Fitness ass en ganzkierper Workout am Waasser, bei deem t’Beweeglechkeet, Kraft an Ausdauer effikass traineiert gin.

Fir t’Stressbewältegung, zum Beispill no engem langen Schaffdag, ass Aqua-Fitness beschtens gëeegent.

Aqua-Fit ass am Verglach zur klassescher Waassergymnastik (Aqua-Gym) éichter sportlech ambitionnéiert.

Ausdauer a Krafttraining am Waaser sin t’Haaptkomponenten vum Aqua-Fit, déi sech ideal als Ausgläich mat aaneren Sportarten kombinéiren loossen.

Aqua-Gym

Aqua-Gym ass eng effikass awer och schounend Waassergymnastik déi dozou bäi dréit t’Konditioun an t’Wuelbefannen ze verbesseren. Beim Aqua-Gym gin verschidden Übungen, deelweis mat Hëllefsmettelen am broschthéischem Waasser duerchgefouert. Muskelen an Gelenken gin gezielt an schounend trainéiert.

Aqua-Gym ass en idealen Cours fir eeler Leit fir t’Vebesserung vun der Beweeglechkeet, zum Beispill no enger Verletzung.

Aqua-Seniors ist ein idealer Kurs auch für ältere Menschen und zur Verbesserung der Beweglichkeit zum Beispiel nach Verletzungen.

Aqua-Jogging

Am Géigensatz zum normalen Joggen, gin beim Aqua-Jogging t’Gelenker geschount. Duerch t’Waaser ass all Beweegung 60mol méi dem Widderstand entgéint gesat wéi dobaussen an der Loft an doduerch gin alleguerten t’Muskelgruppen gefuerdert.

T’Figur gëtt gestrafft, T’Konditioun, Kraft, Ausdauer a Beweeglechkeet gin verbessert. Aanescht wéi bei aaneren Sportarten u Land gin hei all Kierperpartien gläichméisseg trainéiert.

Aqua-Jogging verbessert t’Konditioun, stärkt t’Ausdauer an mecht virun allem Spaass.

Equippéiert mat engem speziellen „Aqua-Belt“ schwiewt een am Waasser.

Triathleten opgepasst!

Ganz oft hängkt et beim Triathlon um Schwammen. Es ass déi éischt Disziplin an hei kann den Ufank schon t’Enn bedeiten.
Léier mat eis déi richteg Kraultechnik am fräien Waaser. Mat der richteger Technik mecht schammen esou vill Spas.
Dann packs och du déi 1.8 km oder suguer déi 3.6 km beim Ironman mat lénks an bass nach fir den Recht vun der Course fit.

Trainingsplang

Gären erstellen mir een individuell op dech ofgestemmten Trainigsplang. Ob dësen genotzt gëtt fir dech tëschend eisen verschiddenen Traininger ze verbesseren oder fir dech op déi nächst Competitoun fir ze bereeden. Den richtegen Training ass de Schlëssel zum Erfolleg.

Videoanalys

Eng Videoanalys ass een ganz wichtegen Trainingstool an der Schwammwelt an ass en absoluten „Muss“. Aanescht wéi bei enger Leeschtungsdiagnostik oder all aaner Tester u Land a Waaser, stellt een mat enger Videoanalyse secher, daat den Schwëmmer an Coach iwwert genau dat selwecht schwetzen.

T’Kombinatioun aus verschidden Opnahmen ënnert dem Waaser an vun baussen erméiglecht eis, all 3 – 4 Wochen een visuellen Verglaich ze machen. Esou ass et méi einfach sech seng Bewegungen gedanklech firun Aen ze gesin an seng Schwammtechnik ze verbesseren.

SUP-Cours

Du bass interesséiert fir am Summer Stand Up Paddling auszeprobéiren? Awer dir felt et un der Technik ? Mir schaffen un dengem Equiliber a bréngen dir veschidden an effikass Paddletechniken bäi, déi och bei vill Wand an op engkem Raum funktionéiren.

Dëse Cour kann zu all Joëreszäit och am Indoor Pool stattfannen.

Rettungsschwëmmer

Brevet Junior Life Saver

Life Saver

Schwammofzeechen

Dir braucht e Schwammmeeschter?

Iech fehlt e Schwammmeeschter an Ärer Gemeng an kënnt dofir t’Schwemm net opmachen? Krankheetsbedengt oder op Grond vun Personalmangel? Leider mussen vill ze oft ëffentlech Schwëmmen a Lëtzebuerg hier Dieren zou loosen well keen Personal do ass.

Mir hëllefen Iech weider an stellen Iech a Lëtzebuerg ausgebildten Schwammmeeschteren zur Verfügung fir deen Zäitraum wou Dir een braucht.

Vun der Technik am Keller, bis zu den Schwammcoursen an der Verantwortung an der Schwëmm, mir hëllefen Iech bei allem.

Wierder vun mengen kléngen a groussen Clients:

Präisser a Packagen

En Iwwerbléck iwwer eis Präisser fir Eezeltraininger, Gruppencoursen an Aquacoursen. Sicht Iech Ären Package eraus, deen am Beschten bei Iech passt.

Eenzeltraining

ab

799 €

Fir 10 Séancen (79,99 € / Stonn)

zzgl. 17% Mwst.

Weider Package Optiounen

Momentan ganz beléiwt

Gruppentraining

ab

399 €

Fir 10 Séancen, Grupp mat 5 Persounen

zzgl. 17% Mwst.

Weider Package Optiounen

Eventuell kennt Dir nach aaner Leit déi un engem Schwammcours intreresséiert sinn? Dann bild eng Grupp an profitéiert vun eisen Gruppepräisser.

Aquafitness

ab

249 €

Fir 10 Séancen, Grupp mat 10 Persounen

zzgl. 17% Mwst.

Weider Package Optiounen